Finanzéierungsgesetzer fir Ausbau gestëmmt

Fir de fréiere Lycée technique de Bonnevoie (LTB) belafe sech d’Käschten op 303.332.000 Euro, bei enger geplangter Bauzäit vu 5 Joer. De Projet gouf e Mëttwochmëtten unanime an der Chamber ugeholl.

Dat neit Gebai wäert Plaz fir 2.150 Schüler hunn an op engem Terrain vun 3,8 Hektar stoen. Virgesi sinn ënner anerem 25 nei Klassesäll fir déi iewescht Klassen a 6 Spezialsäll, huet d’DP-Rapportrice Corinne Cahen an der Chamber erkläert. Dobäi kënnt ënner anerem eng Kantin fir 600 Persounen, en neien administrative Beräich, eng Bibliothéik, e Museksatelier, en Atrium, sou wéi och eng nei Sportshal an eng nei Schwämm. De Site soll autofräi sinn.

Aktuell ass d’Majoritéit vun den 1.500 Schüler aus dem Lycée a provisoresche Containeren ënnerbruecht. Vun 2015 u koumen ëmmer nees provisoresch Strukturen dobäi, ma d’Strukture ronderëm, vun der Bibliothéik iwwer d’Kantin, waren net erweidert ginn.

RTL – 21.03.2024